Accident zwëschen Réiser an Schlammestee

Datum: 20. Dezember 2016
Alarmzeit: 15:48 Uhr
Art: Verkehrsunfall VU3
Einsatzort: Roeser-Schlamestee
Mannschaftsstärke: 6
Fahrzeuge: HLF 2/1
Weitere Kräfte: Luxembourg Air Resue , Police , RTW Bettembourg , Sauvetage Beetebuerg

Haut den Metten goufen d’Réiserbänner Pompjeeën zesummen mam Centre d’Intervention Bettembourg op een Verkéiersaccident (VU3) opt Streck zwëscht Réiser an dem Schlammeste alertéiert. Gemellt gouf eng Frontalkollisioun mat enger ageklemmten Persoun. D’Equippe vum HLF 2.1 vun Réiser, déi als eicht op der Platz war huet déi Verletzten Persoun am Auto betreit, d’hydraulescht Geschir fir eng uschléissend schounend Rettung fierbereed, souwéi den Brandschutz assuréiert. Zesummen mat den Kollegen vun Beetebuerg gouf dunn den Daach vum Auto erofgeholl an den Tableau de Bord mat engem Piston no fir gedréckt. Dei schwéier verletzten Persoun konnt dunn mëttels Spineboard aus dem Auto geholl ginn. Sie koum mat der Ambulanz ant Spidol

Op der Platz waren d’Pompjeeën vun Réiser mat HLF 2.1, den Sauvetage vun Beetebuerg, eng Ambulanz vun Beetebuerg, den Samu Doktor mam Helikopter souwéi d’Police.