Rauchentwicklung in Lagerhalle
Während den Läschaarbeschten vum Dachstullbrand zu Léiweng, gouf, um 17:44 nach een Feier zu Crauthem gemellt. Hei war d’Stechwuert “B3 Crauthem Lagerhalle“. Well d’Equippe vun Réiser awer nach mam éischten Asatz amgaang war, gouf direkt den Center Diddeleng geruff an Pompjeeën vun Weiler la Tour. Den HLF vun Hesper an de Chef de Corps vu Réiser sinn direkt vun Léiweng aus op Platz gefuer. Eng Industrie Hal vun 60 Meter stoung ganz ënner Damp, hei hat et am hënneschten deel gebrannt. Zwee Trupp’en vun Hesper an 1 Trupp vu Weiler konnten ënner Otemschutz d’Feier ënner Kontroll bréngen. No dem Lëften vun der Hal mat Lüfter’en konnten Brandnäschter geläscht ginn.
Op der Platz waren:
– D ‘Pompjeeën vun Reiser 3 Leit
– De Service Incendie Commune de Hesperange – Centre d’intervention Hesperange mat HLF, TMF, KDOW an 11 Leit
– De CID Centre d’Intervention Dudelange mat Ambulanze, HLF, LF, ELW 16 Leit
– D’ Pompjeeën vun Weiler La Tour mat LF a 7 Leit
– Den Regionalinspektor adjoint
– D’ Police
– D’Reiser Gemeng Madame Pesch Marianne vum Schäfferot a Leit vum Service Technique
