Dampentwécklung duerch Adventskranz
Datum: 23. Dezember 2016
Alarmzeit: 7:35 Uhr
Art: Brand B1
Einsatzort: Livange
Mannschaftsstärke: 6
Fahrzeuge: HLF 2/1
B1 – Dampentwécklung duerch Adventskranz an wichteg Tips
De Moien gouf eis Permanencen-Equipe mam HLF 2-1 op Léiweng an d‘Industriezone geruff. Hei ass et zu engem Enstehungsbrand mat Dampentwécklung an engem Geschäft komm, ausgeléist duerch een Adventskranz. Een Trupp ass ënner schwéierem Otemschutz eragaangen, konnt awer schnell Entwarnung ginn, dass d’Feier schonn aus war. Duerch déi massiv Dampentwécklung huet de Commerce an d‘Noperen niewendrun missen mat engem Lëfter vum Damp befreit ginn. Op der Platz war eis Permanence mam HLF 2-1 an 6 Leit.
Wéi schonn Gëschter an engem Artikel vum Service Incendie et Ambulance de la Ville de Luxembourg ze liesen war, ass et wichteg:
– nëmmen zertifiéiert Chrëschtbeliichtung ze benotzen
– keng richteg Käerzen op de Chrëschtbeemchen ze maachen
– ee richtegen Chrëschtbam reegelméisseg ze netzen
– Käerzen nie onbeobsichtegt ze loossen
– Den Adventskranz op eng net brennbar Ënnerlag ze stellen
– Feierläscher oder Eemer mat Waasser bereet stellen






